c RTL Bea Kneip


1953 zu Lëtzbuerg gebuer

huet sech scho fréi mat der Fotografie a mam Zeechnen, och mam Film beschäftegt.

No de Joeren am Escher Jongelycée huet en am Familljeministär mat schaffen ugefaangen, ass 1985 an de Kulturministär gewiesselt, wou e matgehollef huet de Centre national de l’audiovisuel (CNA) an d’Liewen ze ruffen, deem en als Direkter bis Februar 2016 virstong. An där Fonctioun huet en de Restauratiouns-a Reinstallatiounsprojet vun der legendärer MoMA Ausstellung The Family of Man geleet an, an Zesummenaarbecht mam Service des Sites et Monuments nationaux, 1994, duerno  2013, d'Schafe vun engem neie Musée am Klierfer Schlass initiéiert, dat déi international Norme fir d'Ausstellung an d'Versuerge vun historesche Fottoe respektéiert. D'Kollektioun gouf 2003 an d'Lëscht Mémoire du Monde vun der Unesco ageschriwwen. The Bitter Years, déi restauréiert Fottoen aus den drësseger, amerikanesche Krisejoeren goufen 2012, gläichfalls an der Zesummenaarbecht mam SSMN, am restauréierten Diddelenger Wassertuerm, nieft dem 2007 ageweiten, neie Gebai vum CNA, installéiert. 

Seng bis elo eenzeg perséinlech Fotosausstellung Lieux et Portraits au Bassin Minier’ gouf 1989 an der Galerie Nei Liicht zu Diddeleng gewisen, déi en 1982 mat de Kollege vum lokale Fotoclub gegrënnt huet. 

Säin éischte Roman Wollekestol, a lëtzebuerger Sprooch, koum 2003 an den Editions Ultimomondo eraus.

Mon amour schwein, eng Sammlung vu siechzeng Kuerzgeschichten an Erzielungen gouf 2008 virgestallt. 

Amateur  ass déi drëtt Publikatioun a baséiert op enger Klassenaarbecht vun 1971 am Escher Jongelycee. Si gouf 2009 publizéiert. Amateur gouf am Oktober 2010 mam Europäesche Literaturpräis ausgezeechent. D'Buch ass an Tschechien, Serbien, Bulgarien, Ungarn a Mazedonien nei editéiert ginn. 

An Wéi Dag an Nuecht (2012) ginn dräi Erzielunge virgestallt, an deen Mënsche  laanscht Grenze reesen, baussen a bannen, villes entdecken awer och ferm musse struewele fir net aus dem Gläichtgewiicht ze geroden.

De Kurztext Fitbull, deen als Bäitrag fir de Sentier des Poètes ronderëm den Tëtelbierg verfaasst gouf, ass am Katalog Geschichten aus unseren Wäldern, vun der Europäescher Kommissioun erauskomm. E gouf an 28 Sproochen iwwersat.

D'Erzielung Karamell gouf 2014 am Verlag ultimomondo publizéiert.

2015 huet de Jean Back 3 Monologen ënnert dem Titel Zalto Mortale an der neier Serie Kanephora vu Kremart Edition publizéiert. Zalto Mortale gouf op d'short list vum Lëtzebuerger Buchpräis 2016 gesat.

De Jean Back ass mam Nancy Kelsen bestued. D'Koppel huet dräi Kanner, de Pierre, d'Michelle an de Charel, grad ewéi mëttlerweil dräi Enkelkanner, de Lenny, d'Luisa an de Felix.

 

 

1953 in Luxemburg geboren

beschäftigte sich schon sehr früh mit Fotografie und Zeichnen. Interessierte sich auch für das Medium Film.

Nach dem Abitur im Lycée de Garçons in Esch/Alzette arbeitete er im Familienministerium, wechselte 1985 ins Kulturministerium wo er das Centre national de l’audiovisuel (CNA) mitbegründete, das Luxemburger Institut für Film, Fotografie und Ton, dem er bis Februar 2016 als Direktor vorstand. In dieser Funktion leitete er das Restaurierungs-und Reinstallationsprojekt der weltberühmten MoMA Ausstellung The Family of Man und regte, u.a. in Zusammenarbeit mit der nationalen Denkmalschutzbehörde (Service des Sites et Monuments nationaux/SSMN) 1994 den Bau eines ersten, dann, 2013, eines überarbeiteten, den internationalen Normen für Ausstellung und Aufbewahrung historischer Fotografie entsprechenden Museums im Schloss von Clervaux an. Die Sammlung wurde 2003 von der Unesco in die Liste Mémoire du Monde aufgenommen. Die zweite Steichensammlung, die Luxemburg geschenkt wurde, The Bitter Years, (Fotografien aus den dreissiger Jahren der amerikanischen Great Depression) wurden 2012, gleichfalls unter Mitarbeit des SSMN im restaurierten Wasserturm, neben dem 2007 eröffneten, neuen Gebäude des CNA, installiert. 

Seine bisher einzige Ausstellung mit schwarz-weiss Fotografien ‘Lieux et portraits au Bassin Minier’ wurde 1989 in der Düdelinger Galerie Nei Liicht vorgestellt, die er 1982 mit den Kollegen aus dem lokalen Fotoklub gegründet hatte. 

Sein erster Roman in der Luxemburger Sprache Wollekestol wurde 2003 vom Verlag ultimomondo herausgegeben.

Es folgten 2008 Mon amour schwein, eine Sammlung von sechzehn Kurzgeschichten und Erzählungen und 2009 Amateur, eine Novelle in deutscher Sprache. Amateur wurde 2010 mit dem Europäischen Literaturpreis ausgezeichnet und ist mittlerweile ins Tschechische, Serbische, Bulgarische. Ungarische und Mazedonische übersetzt worden.

Wéi Dag an Nuecht, drei Erzählungen, wurden 2012 veröffentlicht. 

Der Kurztext Fitbull, der als Beitrag für den Sentier des Poètes auf dem Tëtelbierg verfasst wurde, ist kürzlich im Katalog Geschichten aus unseren Wäldern, der von der Europäischen Kommission herausgegeben wurde, in 28 Sprachen übersetzt worden. 

Die Erzählung Karamell erschien 2014 im Verlag ultimomondo. 

2015 veröffentlichte Jean Back 3 Monologe unter dem Titel Zalto Mortale in der Serie Kanephora von Kremart Edition. Zalto Mortale wurde 2016 auf die short-list des Luxemburger Buchpreises gesetzt. 

2017 erfolgte die Veröffentlichung der Novelle Trakl-Blues (Kremart Edition) und Iesel (editions Binsfeld) 

2018 erschien das Buch kreuz und mehr,  Reisen ins Himmelblau und ein Weihnachtsmärchen bei editions binsfeld.  

Jean Back ist  mit Nancy Kelsen verheiratet. Das Paar hat drei Kinder, Pierre, Michelle und Charel sowie drei  Enkelkinder, Lenny, Luisa und Felix.

 

  

"2003 erschien der Roman Wollékestol, eine Hommage an seine Heimatstadt Düdelingen, wobei die eigene Kindheit als Grundlage für ein komplex montiertes Gegeneinander von Autobiografischem und Fiktionalem dient. Dieselbe Technik liegt auch der Novelle Amateur zugrunde, welche die überarbeitete und erweiterte Form einer von Gaston Rollinger 1971 im Lycée de garçons Esch/Alzette aufgegebenen Schülerarbeit ist und vor dem Hintergrund der Schülerunruhen und des Schülerstreiks von 1971 spielt." (...) " Den drei Erzählungen in Wéi Dag a Nuecht und der umfangreicheren Erzählung Karamell gemeinsam ist, dass sie Menschen auf der sie gefährdenden Suche nach Identität darstellen und dabei Gefahr laufen, ein Borderline-Syndrom zu entwickeln. So gerät der Protagonist aus Karamell, Jip Portonigro, der Adoptivsohn eines Bergarbeiters aus Tetingen, aus dem Geichgewicht, als er sich auf die vergebliche Suche nach seinen leiblichen Eltern in der Schweiz macht und  von seiner verwitweten Schwester, mit der er als Jugendlicher ein Liebesverhältnis eingegangen ist, abgewiesen wird. Zalto mortale enthält drei Bühnenmonologe, die das Schicksal einsamer, skurriler und am Leben scheiternder Zeitgenossen schildern. Hinter dem Schicksal eines suizidwilligen Lebensmittelhändlers, der auf Armprothesen angewiesen ist, eines Taxidermisten, dem über seiner Tätigkeit als Tierpräparator der Blick auf das reale Leben abhandengekommen ist, und eines Lastkraftwagenfahrers, der gegen das Alleinsein mit einem mitgeführten Hummer in einem Einmachglas ankämpft, werden gesellschaftliche Probleme wie Behinderung, Flüchtlingsfrage, Ausbeutung am Arbeitsplatz und Radikalisierung arbeitsloser Jugendlichen offen gelegt.

Germaine Goetzinger in Luxemburger Autorenlexikon, CNL

 

 

Jean Back est le père de Michelle Back. Il passa son enfance à Dudelange. Après son baccalauréat au Lycée de garçons à Esch/Alzette, il intégra le Ministère du Travail, puis le Ministère de la Culture. De 1989 à fin 2015, il dirigea le Centre national de l'audiovisuel à Dudelange.

Jean Back s'intéresse autant à la photographie qu'à la peinture et à la littérature. En 1990, il se signala par l'exposition de photographie Lieux et portraits du Bassin minier à Dudelange. Son roman Wollékestol est un hommage à sa ville natale Dudelange. Sa propre enfance et sa jeunesse lui servent de point de départ pour créer une juxtaposition narrative complexe d'éléments autobiographiques et fictifs. Il reprend la même technique dans la nouvelle Amateur qui remonte à un travail d’études imposé par Gast Rollinger au Lycée de garçons d'Esch/Alzette en 1971. Le texte retravaillé et augmenté a comme toile de fond la contestation étudiante et la grève des étudiants de 1971. En 2010, Amateur fut récompensé par le European Prize for Literature et fut, par la suite, traduit en tchèque et en serbe. L'élément commun des trois nouvelles dans Wéi Dag a Nuecht et du texte plus long Karamell est la quête d’identité de personnages fragilisés qui vivent ce processus comme une menace et qui risquent de développer des troubles de la personnalité borderline. Tel est le cas, dans Karamell, de Jip Portonegro, fils adoptif d’un mineur de Tétange qui perd le nord quand il essaye vainement de trouver ses origines en Suisse et se voit repoussé par sa sœur, devenue veuve, avec qui il a vécu une liaison amoureuse dès sa jeunesse.

Zalto mortale contient trois monologues pour la scène qui gravitent autour de la vie ratée de personnages isolés et un peu loufoques. Le sort d’un épicier suicidaire né sans bras, d’un taxidermiste qui a perdu le sens pour les réalités de la vie et d’un camionneur qui combat la solitude de ses longs périples moyennant un homard emmené dans un bocal font entrevoir des problèmes sociaux tels le handicap, le problème des réfugiés, l’exploitation au travail ainsi que la radicalisation des jeunes.

Germaine Goetzinger  dans Dictionnaire des auteurs luxembourgeois


Überreichung des Kulturpreises 2018 der Stadt Düdelingen am 21.11.2019

Laudatio von Germaine Goetzinger  

 

Madame Minister

Här Buergermeeschter,

Dir Dammen an Dir Hären,

Léiwe Jang,

ech soll den Owend eng Laudatio op Dech halen, mee eigentlech muss ech déi vill Leit, déi haut op Diddeleng komm sinn, warnen. Du bass net ëmmer easy going, mee e Mënsch mat Ecken a Kanten, een deen op dat Ganzt geet, dee sech héich Ziler setzt, net opgëtt a seng Pläng an Iddien zu engem gudden Enn féiert, och wann dat heiansdo net esou einfach ass. 

De Jang huet e laange professionelle Wee hanneru sech. Hien huet ugefaangen als Redakter am Aarbechtsministère an ass 1985 an de Kulturministère gewiesselt fir en neien Défi. Hie wollt sech deem unhuelen, wat dem Kulturminister Robert Krieps deemools nach räichlech abstrakt als Patrimoine virgeschwieft huet. Ënnert dem Stéchwuert Mémoire collective huet de Jang en éischten Appell lancéiert an d’Gemengen, mee och d’Privatleit opgeruff, hir al Fotoen an Amateurfilmer net ewechzegeheien. Si wieren Deel vun eisem Patrimoine, deen erhalen a revaloriséiert misst ginn. Den Appell gouf gehéiert, mee wéi sech d’Dokumenter gestapelt hunn, huet sech d’Fro gestalt, wouhin domat. De Jang huet d‘Iddi vun engem spezialiséierten Zentrum lancéiert, an de Centre national de l’audiovisuel fënnt en éischten Ënnerdaach am fréiere Klouschter an der Zouftgenerstroos, wou et awer séier ze enk gouf. Well och de Plang, den alen Zinema Roxy mat anzebezéien, d’Problemer net wierklech geléist hätt, huet de Jang sech mat voller Kraaft an de Projet vun engem Neibau gestierzt, zesumme mat der Diddelenger Gemeng, an 2007 gouf de Kulturzenter Op der Schmelz ageweit. Haut hu mer do nieft der Museksschoul en héich spezialiséierten Center, gewëssermoossen dat audio-visuellt Gedächtnis vu Lëtzebuerg. Fir awer Direkter vum CNA ze ginn, deen hien aus dem Steng geschloen hat, huet de Jang musse mat engem Examen, deen sech gewäsch hat, de Sprong an d’Carrière supérieure beim Staat maachen.

En anert Beispill, bei deem däitlech gëtt, dass de Jang, wann hie vun eppes gepaakt, ass, héich erauswëllt, ass säin Engagement fir den amerikanesche Fotograf mat Lëtzebuerger Originnen, den Edward Steichen. Wéi de Jang bis erausfonnt hat, dass de Steichen dem Lëtzebuerger Staat eng Copie vu senger 1955 am MoMA zu New York gewisener Ausstellung The Family of Man geschenkt hat, huet hien net labber gelooss, bis hien déi Fotoen um Späicher vun der Klierfer Schoul, wou se um Vermuuschte waren, opgedriwwen an se zu Diddeleng restauréiere gelooss hat. Si kruten e neit Doheem am Klierfer Schlass. Mee och domat net genuch. Hien ass mat der Ausstellung op Tournée gaangen, op Toulouse, op Tokyo an op Hiroshima. An esou gouf de Steichen, awer och dat kulturellt Lëtzebuerg op d’Weltkaart gesat. Souguer de Paräisser Monde huet doriwwer geschriwwen. Haut hänkt d’Family nach ëmmer zu Klierf, allerdéngs an neien Ausstellungsraim an am originale Layout vum Steichen. Si gehéiert zanter 2003 zum Weltkulturerbe an zitt all Joer Dausende vu Visiteuren op Klierf.

Eng zweet Ausstellung vum Steichen: The Bitter Years, Biller aus de Jore vun der Wirtschaftskris an der grousser Depressioun an Amerika, huet de Jang op Diddeleng bruet. Déi engagéiert Dokumenter hu keen esou en ausgesprache positive Message ze vermëttele wéi d’Family of Man a sinn éischter sozialkritesch. Haut hunn se dank dem Jang hier Plaz am Waassertuerm vun der Diddelenger Schmelz, héich an der Luucht, an engem Gebai, dat als Landmark vu wäitem ze erkennen ass. 

An da gëtt et schliisslech en drëtte Pad, wou de Jang e wäite Wee hanneru sech huet: dee vum Fotograf zum Schrëftsteller. D’Begeeschterung fir d’Fotografie koum vu sengem Papp, deen doheem e bescheidene Fotoslabo hat. Als Grënnungsmember vum Diddelenger Fotoclub, huet de Jang sech derfir agesat, dass an der aler Direkteschvilla d’FotogalerieNei Liicht entstanen ass an huet do 1989 seng Ausstellung Lieux et portraits du Bassin minier gewisen. Wann ech mer elo déi kreativ Säite vum Jang vrun An halen, da muss ech un de Märten, den Af am Michel Rodange sengem Renert denken. Deen ass am Optrag vum Kinnek um Plankebierg zu Blaaschent ënnerwee mat mat sénger Këscht om Bockel, d. h. mat sengem deemools nach grousse Fotoapparat. Hie soll e Portrait maachen vun engem Liberalen, die grad op d'Volleksfräiheet / als wi op séng géif halen , plus en Album vun alle Gottgeschenken, / déi un de Klackeseler / als Wahlpatréiner hänken. Dat éischt wier eng Saach vun der Onméiglechkeet, mengt den Erzieler, dat zweet awer, d’Wahlgeschenker, géifen direkt an d’A stiechen. Fir sengem Optrag gerecht ze ginn, gräift den Af op dat am 19. Joerhonnert neit Medium Fotografie zréck. Fotoe sinn nämlech allen anere Medien duerch hire Realismus iwwerleeën. Andeems de Michel Rodange der Fotografie eng Plaats am Ënnertitel vu sengem Renert reservéiert, De Fuuss am Frack an a Maansgréisst op e Neits fotograféiert, verweist hie mat enger poetologescher Metapher dorop, dass och am Literaresch-Narrativen dem Fotografeschen analog Methoden zum Asaatz kommen. Wéi duerch d’Lëns vum Fotoapparat sollen déi gesellschaftlech Zoustänn erfaasst a beschriwwe ginn, ouni Rücksiicht op Susceptibilitéiten. 

A senge literareschen Texte kënnt dat och beim Jang zum Droen. Och bei him ass dat Visuellt e Schlëssel, an et heescht kucken an nach emol kucken. Sengem Schreiwen zu Gronn läit e fantastesche Bléck fir d’Stäerkten an d’Schwächte vu senge Matmënschen, fir d’Arrangementer, mat deenen si sech ëmginn, fir d’Rationaliséierungen an d’Verdrängungen, mat deenen si de Problemer auswäichen, fir hir Aspiratiounen a Widderspréch an hier oft komplizéiert Sich no Identitéit. Op deem Fong entstinn da Geschichten, wou sech d’Realitéit mat Poeteschem vermëscht, wou Autobiographesches mat Fiktionalem verschmëlzt, wou Sproochspill a Sproochkreativitéit zu hirem Recht kommen. Léiermeeschter dobäi war de Roger Manderscheid, dee genau wéi de Jang beim Michel Rodange an d’Schoul gaangen ass a mat deem de Jang zanter 2000 net nëmmen um Ministère, mee och um literaresche Plang zesummegeschafft huet.

Sou léiere mer am Jang senge Geschichte Leit kenne wéi de Broker Till, dee mat senger onkontrolléierbarer Gewaltbereetschaft konfrontéiert gëtt, déi säin no baussen erfollegräicht Liewen aus dem Gläichgewiicht bréngt. Mer maachen eis op de Wee mat engem Camionschauffeur, dee fir net eleng ze sinn, en Homard an engem Amaachglas op seng laang Reese mathëlt. Mir huelen deel um adoptéierten Jip Portonigro senger Rees an d’Schwäiz, wou hien hofft, seng richteg Elteren ze fannen an unzeknäppen un en aalt Liebesverhältnis. An der Geschicht Amateur loosse mer eis mathuelen an den Escher Jongelycée an d’Zäit vun de Schüleronrouen a vum Schülerstreik vun 1971. Deen Text geet zeréck op eng Aarbecht fir de Gast Rollinger, dem Jang säin Däitschproff, deen et fäerdeg bruecht hat, seng Schüler fir déi däitsch Literatur ze begeeschteren an de Schlëssel zu hirer Kreativitéit ze fannen. Amateur gouf 2010 mam European Prize for Literature ausgezeechent an ass haut a sechs Sproochen iwwersat. Dat soll mol een dem Jang nomaachen.

Dem Gast Rollinger säi Cours iwwer de Georg Trakl awer hat de Jang an e puer Kollegen esou faszinéiert, dass si 1978 e Film iwwer dem Trakl seng Ballad Die junge Magd gedréint hunn an en och ouni falsch Komplexer op Salzburg weise gaange sinn. Ënnert de Spectateure waren den éisträichesche Romanauteur Peter Rosei an de Lyriker H. C. Artmann. Spéider beim Empfang um Mönchsberg koum och nach de Peter Handke dobäi.

D‘Geschicht vum Film vun deemools gouf d’Grondlag vum Roman Trakl Blues, deen eng grouss Klammer vu 40 Joer opmécht. Op der enger Säit léisst de Jang d’Entstoe vum Film erëm opliewen a schaaft op der anerer Säit eng méi oder manner ironesch Distanz, andeems en d‘Traklgeschicht konfrontéiert mat enger Vakanzerees mat der Famill op Salzburg an de Flüchtlingsstréim vun 2015.

Besonnesch faszinéiert awer huet mech dem Jang säi Verhältnis zu Diddeleng, deem hien 2003 mat Wollekestol e Monument gesat huet. Sou villes doranner kann ech novollzéien: d’Kräizstrooss, déi haut rue du Stade Jos Nosbaum heescht a wou ech als Kand gewunnt hunn, d’Tatta Terräs an de Monni Bross, déi eis Nopere waren, d’Spidolstroos, déi sech sou laang gezunn huet, ir een endlech bei d‘Isoléierstatioun an da bei d‘Spidol koum, d’Geschäfter vum Wieser a vum Jacoby, de Bistro vun der Witfra beim Parking nieft der Eligius-Kapell. Ech hunn se erëmerkannt d’Leit aus dem Brill, vun der Schmelz, aus dem Quartier, aus dem Wolkeschdall, déi heiansdo eegewëlleg waren, an awer zesummegehalen hunn. Ech hunn se erëmerkannt, och wann op der Oberfläch net alles eent zu eent der Realitéit entsprach huet. Trotzdeem hunn se als fiktional Konstrukter de Kär getraff, an et kann ee spieren, wat Diddeleng mat all senge Widderspréch ass a wat et dem Jang bedeit.

Bei allen Héichteflich an aller Unerkennung– de Jang krut quasi zäitgläich mam Diddelenger Prix culturel de Präis vum Europäesche Parlament fir seng Kuerzgeschicht European Cloud– ass de Jang mat béide Féiss um Buedem bliwwen. Hie war e gudde Kolleg, op deen een sech verloosse konnt a mat deem ee gemeinsam Projete wéi z. B. Im Schatten des Dr. Mabuse. Die Töchter von Norbert Jacques attackéiere konnt. Hien ass Diddeleng trei bliwwen, a seng Famill bedeit him vill. Hie geet op Berlin bei d’Michèle babysitten, hien ass präsent zu Köln, wann de Pierre hie brauch, hie gehéiert zum Fanclub vum Nancy senge Chouerprojeten, genéisst säi Refuge an der Dell an ass gär mat der Leica op der Haardt ënnerwee. 

De Prix culturel vun der Stad Diddeleng, deens Du haut kriss Jang, ass kee Präis mat europäeschem Flair, mee eng éierlech Unerkennung vun deem, was Du geleescht hues. Du hues dee Präis méi wéi verdéngt, an ech wëll Dir dozou vu ganzem Häer ze gratuléieren.