nei Erzielung 

 

 Wäissen Tiger

 

 

 1.

 

D’Bom, si ass kleng ginn. D'Gesiicht ass wakereg bliwwen. D'A sinn hell. Si spéngelen dech, wann s de de Mond opdees.

Ech gi se besichen. Geleeëntlech. Wann ech Zäit hunn. Si ass gutt versuergt. Sëtzt mat den Dammen um ronnen Dësch am Foyer, wann ech kommen. D'Bom sëtzt eigentlech ëmmer bei deenen Dammen op deem Dësch, lénks, nieft dem Duerchzuch, wann d'gliesen Dir gaapst. Ni ass en Här derbäi. Déi si rar am Altersheim. Verléiere sech tëscht de Blumme virun der Kapell. Heiansdo wénkt ee vun der Etage erof. Sëtzt op sengem Rollator. Oder an der Fotell. Mengt, e géing mech kennen. 

 

„D'Iessen ass gutt.“

„Ah?“

„Ganz gutt esouguer. De Mëtteg gouf et Dess.“

„Wéi?“

„Dessert. Héiers de net méi gutt? E Pudding.“

„Nächste Mount feiere mer deng dräiannonzeg, Bom.“

„Schonn? Méi léiwe Jong, esou al gëtt keng Kou.“

Fäi gekleet ass se. War se nach ëmmer. E seide Schal mat Päerdskäpp an engem Lasso. Dat Ganzt a rosa a beige gehalen. E Schal vun Hermes. Fir hir nonzeg. E renge Brasseli kréngelt sech ronderëm d'Handgelenk. D'Fangeren si knubbeleg. No alle Säiten hin.

 

D'Altersheim no beim Bësch huet e look, un deem ech vu wäitem erkennen: Dat ass eng Kolonie. Dat ass e Beienhaus, mat Marquiseën a Balcone gerëscht, Meter fir Meter, messerschaarf gezeechent, keng Plaz ze vill, genee op d'Mooss geschnidde fir eng ausgerechent Éiwegkeet.

Am Foyer richt et no Geméiszopp, no Piküren an no Wichs um Buedem. Heiansdo richt et no Äppel am Schäffchen, wann de Kach Zäit hat. Virun allem richt et ëmmer no Kaffi. Dee gëtt mat enger besonnescher Zort Bounen, déi op eng extra Manéier gemuel ginn, speziell fabrizéiert. Esouguer d'Infirmière huet eng Formatioun mussen ofschléissen, éier den Direkter vum Altersheim hir erlaabt hat, déi Maschinn, ageniwwelt an héijen Dampwolleken, mat de Knäppercher an Aueren, den Düsen a Ventillen, aus deenen et zischt a späizt, den Hiewelen, Schläich, den Thermometeren a Skalae mat hiren Nolen, déi iwwert den Zifferen zidderen, ze bedéngen.

 

D'Altersheim ass deemno och eng Plaz fir verwinnte Kaffistuten. Nëmmen, am Foyer ass et stëll. Och, wann dichteg a vill op den Dëscher matenee geschwat gëtt. „Wéi geet et der haut, Mamm?“ „War d'Mëttegiesse gutt?“ „Et geet.“ „De Kaffi ass besser hei ewéi am Spidol.“ „Fënns de?“ „Gidd der mat op den Ausfluch, Madame?“ „Wou denkt der hin?“ „Muer schaffe mer mam Mekano.“ „Mam Mekano? Bass de sécher, Papp?“  - en Hin an Hir vu Froen an Äntwerten, ouni vill Gedanken, wäit ewech vu Kaffi a Kuch.

.../...

 

onverëffentlech

5.256 Zeechen, voll an eidel 

6.092 Wierder

 

 

Nei Erzielung 

 

 

 

 

Den Transmännchen 

 

1. 

Buch, Bücher, am Büchersten: Wer ist die Schönste im ganzen Land? Der Schönste? Seis drum. Spielt keine Rolle ob weiblich oder Männlichkeit oder beides zugleich auch. Außer man tut es. 

Ech féiere Gedanke matzen am Bësch vun de Bicher. D'Villercher: piep, piep. Héich am Bam. D'Mais: Eng Feldmaus piipst. Eng Bëschmaus puupst. Ech sëtzen hei, also sinn ech do. Wann een op Besuch géing kommen. Ech si scho laang eleng. Ginn eemol de Mount an de Cactus. Ëmmer manner schéin. Ech sëtzen hei, beim Feier. An ech hunn en aalt Hiem un, eng al Box, Schung ouni Nuesen a Strëmp ouni Lächer. 

Et geet mer gutt. Ech kann nach Auto fueren. E Fiat. Den Hoppen Téid, ech hat en erbléckst, wéi ech an der Keess stong. E sot zu mer: „Ha, bass du och hei? Kuck mech dach, bewonner mech, wéi ech duerch de Fernseh hopppoppoppelen.“ D'Këscht war iwwert der Keess opgehaangen. Ronn a brong. Een eenzege Programm: RTL. D'Kessiär war net frëndlech. 

„Maacht dee Fernseh aus, Joffer“, sot ech. 

„Eischtens ass et Madame, Monsieur“, hat se geäntwert. „An zweetens ass et net mäi Fernseh an och net mäi Cactus. Ech däerf nëmmen är Wueren an ärem Kaddi zielen an är Suen akasséieren. Hutt Der eng Kaart? Oder bezuelt Der mat digicash?“ 

 

„Cash“, sot ech. „Ech war grad ophiewen.“ 

 

.../...


nei Erzielung

 an der Literatura,

 

der literarescher Bäilag, 7 bis 13 Abrëll, 2019 vum Corriere della Sera

 

 

Ofgehuewen

 

De Klod war e gudde Frënd. Als Bouwen hu mer Knupperten an d’Bréifkëschte gehäit. Mer si fortgelaf an hunn eis hannert enger Maierche verstoppt. Mer hu gewaart, bis et geklaakt huet. An d’Luten an den Haiser ugoungen. Eemol hat eng Bréifkëscht poufdeg e Saz gemat. Wéi eng Rakéit, mat lauter Fonken, hat se sech gedréint a war paanng op de Makadam geschloen. Déi ganz Strooss war an Opreegung. D’Pompjeeën hate blenkeg Helmer un. Meng Mamm huet de Kapp gerëselt: Wee waren déi Eefalten?“ Den Dag drop hunn ech mech geschuddert, well ech an d'Box gepisst hat vu Laachen.  

Eng Woch méi spéit hunn ech schwéier geotemt a schwéier gehouscht. Bloen a gringen a wäisse Schläim. Ewéi wann d'Loft net willt an d'Longe fléissen. 

Et ass vläicht d'Coqueluche“, sot meng Mamm.

Bordetella pertussis[i], sot den Dokter. De Bouf muss op Mondorf[ii]an d'Kur. An de Casino. An d'Kabinn.[iii]“  

 

Ech souz hallefplakeg a mutterséileneleng an deem ronnen Dëppen, op enger Bänkelchen, vis à vis vun enger klenger, ronner Fënster. Am Ufank vun der Sëtzung huet de Rondel sech mat der Infirmière hirem Gesiicht gefëllt. Hir Bake ware speckeg, ware voller Lächer a Pautschen, déi mat enger décker Couche Vaseline ugestrach waren. D’Stir huet no vir gebëlst an d’Lëpse ware feierrout gefierft. Ech si mer virkomm, ewéi wann ech géing op de Mound fléien, riicht an der Infirmière hiert An eran, platsch, esou ewéi an deem witzege Film[iv], deen ech eng Kéier gesinn hat. Heiansdo hunn ech menger Mamm hire Kapp erbléckst. Si huet duerch d'Fënsterche geluusst, ob nach alles an der Rei wär. Ob ech net vun der Bänkelche getrollt wär a mer e Fouss gebrach hätt. Ech hu bal kee Geräisch héieren. Nëmmen e liicht Gesouers. Spéider huet den Dokter erageblënzelt, duerch de Rondel vu sengem Brëll a mat senger Täschelut iwwert der Stir. Wa kee Kapp ze gesi war, huet eng pistaschgring Mauer de Krees gefëllt. Ech hu geotemt. Ech hu geknätscht. Dass d'Oueren net sollten zougoen. Chlorophyllsknätsch, deen ech net gär hat. An de Sauerstoff, sot den Dokter, géing mer d'Longe stärken. Wann d’Lut um Plafong geflackert huet, hunn ech mech gehuewen. D’Infirmière huet d’Dier opgezunn, ganz lues, eng schwéier Dier, a si huet laang an déif geotemt, d’Infirmière, an hier Äerm hunn no Chloroform a Schokelasmëllech gericht.

 

Am Casino waren d’Preisen agespaart“, hat mäi Bopa mer verzielt. 

D’Preisen?“ 

D’Nazien, déi souzen zu Mondorf, vu Mee bis August 45, am fréiere Palace Hotel, éier s’op Nürnberg koumen. Fir de Prozess. D'Amerikaner haten se verhéiert. Si wollten de System erausfannen, wee wat, genee, ze soen hat. Wéi s'organiséiert waren. Den Dolibois[v]war ee vun deenen, déi alles opgeschriwwen haten.“

„War dat a mengem Casino? “

Majo.“

„Ginn et Fottoen?“

Ech mengen net. Et goufen net vill Leit, déi Bescheed woussten, deemools.“  

D'Naziën? Das Dritte Reich? Den Hitler? Ech war Bouf. Hat d'Nimm knapps am Ouer. Ech wousst an ech wousst näischt. Awer, ech hu gefuerscht, wéi mäi Bopa mer vum Casino, dem fréiere Palace Hotel, verzielt hat.

Wat hate Krichsverbriecher an deem dichtege Gebai verluer, wou ech mat der Kabinn op de Mound geflu war? De Goering souz do. De Ribbentrop. De Keitel. Lauter Mënschefrësser. Mäi Grousspapp hat sech opgereegt, wéi en dervu geschwat hat. Dee Fettsak“, hat e geruff, dee Knaschtert mat senge Medaillen a senger wäisser Uniform.“

Wann e geschmunzelt huet, de Reichsmarschall op de Fottoen an de Bicher, an deenen ech spéider gebliedert hunn, huet säi Mond enger geschlaffener Séissel geglach, hunn ech fonnt. 

Ech souz an deem selwechten, groussen Hotel, wou dräizeng Joer virdrun, am Restaurant, an de reaménagéierten Zëmmeren, den Openthaltsraim, virun der Entree, awer hannert elektreschem Drot, schwéier bewaacht, d'Barbaren hire makaberen Theater gespillt haten. E Stéck, an deem de Ribbentrop nach ëmmer Ausseminister war, de Goering nach ëmmer d'Fiedem gezunn huet. An deem de Keitel nach ëmmer de Kënn brätzeg an der Lut hat, am An de Monokel, geschlaff an zerblétzt, de wäissen, haarde Schnutz opgeriicht, Sieg Heil, mein Führer! prätt, wann heen, de Gefreiten aus Braunau, éiere géing erëmkommen, d’Kap mam Stuerz déif an der Stir. 

Wéi d'Dir vu menger Kabinn fir d’lescht opgezu gouf, hat ech mech geschuddert. Ech louch zwee Deeg mat Féiwer am Bett. Duerno war den Houscht verflunn. Mondorf-les-Bains ass haut nach ëmmer en Ausflug wäert, och wann den ale Palace Hotel/Casino scho längst ënnert dem Buedem läit.   

 März 2019



[i]Bordetella pertussis, e Bazill, deen d'coqueluche ausléist 

[ii]Mondorf les Bains, lëtzebuerger Uertschaft an Thermalbad un der franzéischer Grenz

[iii]Iwwerdrockkabinn,fir d'Behandlung vum bloen Houscht, der Coqueluche. Ariichtung an der section médicalevum fréiere Casino  

[iv]Le Voyage dans la Lune ass e Science Fiction Film vun 1902, geschriwwen, produzéiert a realiséiert vum Georges Méliès. Et war den Ufank vun der Science Fiction am Film.

[v]John Ernest Dolibois, gebuer 04.12.1918 zu Bouneweg, Lëtzebuerg, (deemools Gemeng Hollerich) -  02.05.2014 Cincinnati, OH (USA). Den John E. Dolibois koum als Member vum Noriichtendéngscht vun der amerikanescher Arméi op Mondorf-les-Bains, wou en héichrangeg, däitsch Krichsgefaangener, e.a. den Hermann Göring, interviewt huet. Deen Ofschnëtt vu sengem Liewen ass och am Willy Perelszteijn sengem Dokumentär Ashcan vun 2018 opgegraff ginn. Den John E. Dolibois war och als Iwwersetzer bei den Nürnberger Prozesser derbäi.

https://autorenlexikon.lu. cf. John E. Dolibois, Text vum Sandra Schmit 

 

Copyright droits réservés/american army   photographie de gauche: annonce du film Ashcan de Willy Perelsztejn  à droite: l'ancien Casino de Mondorf les  Bains


nei Erzielung 

 

 

De Schapp beim Wal

  

1.

 

Et ass Verlooss op meng Fra. Fort. Mueres fréi. Ech war net doheem. Ech war fort. Ewéi hatt, mat de Kanner. E Klassiker. Obwuel ech frou mat hinne war.

Elo ass et roueg a mengem Kapp. Il silenzio. Eng Trompett aus der Vergaangenheet. Buona notte amore.[i]

Flatsch. E Steng an den Dëmpel. D'Stëllt otemt Kreeser. D'Wëldschwäi gi schlofen. D'Waasser spigelt nees d'Bamkrounen.

Hatt géing goen, sot et. Et wär wéinst de Kanner. Stëmmt net. Et ass wéinst him. Wéinst där Frëndin, dem Mireille, dat ech ni konnt richen. Falsche Parfum. Falsch Wimperen. Falsch Klacken. Alles falsch. 

ThisPersonDoesNotexist.com 

Ech hätt hatt geschloen. Dat stëmmt och net. Elo ass hatt mat hinnen zwee, mat him, fort. Ech sinn en Aktör. A sinn hei. 

Ech huppen am Bësch iwwert de Blieder. An der forêt domaniale de ZoufftgenOp 49°28'44"N  6°8'50"OOp der Grenz tëscht dem Grand-Duché an der Grande Nation. Net wäit vun Däitschland ewech. Ech hat a menger Hängemat geschlof. Wéinst den Ouereschlëffer an de Schwäin. De Radio hunn ech derbäi. E bësse Wäsch. E puer Bicher. 'Wie werde ich zum Schauspieler?' 'Lerne sprechen ohne dich zu versprechen.' 'Lino Ventura dans ses meilleurs rôles.' Suen? E bësse Fluuss hunn ech mer versuergt. Et ass fréie Summer. Fir eng Zäitche sinn ech gutt hei. D'Longe fräi. De Kapp fräi. Keng Roll, fir den Ament, emol keng Statisteroll. 

... /...   26.146 Zeechen (voll an eidel) 

[i]https://lyricstranslate.com/fr/nini-rosso-il-silenzio-lyrics.html l


neue Erzählung

 

 

Der Nabel des Karpfens 

 

biotopische Verhaltensmuster in artfremdem Milieu

 

1.

In Niedersachsen, nahe der Residenzstadt Celle, geschah das Außergewöhnliche. Ich war einem Wildkarpfen begegnet. Einem tüchtigen, mittelschweren Cyprinus carpio,der sich schwebend, schwimmend in immer gleicher Position im Biotop hielt. Ungefähr einen Meter über dem schlammigen Grund. Und er sah mich an mit einem unruhig kippelnden Augenpaar. 

Ich war auf grobe Weise in sein Revier geplanscht. Keine Frage. Ich war nicht willkommen zwischen Sumpfdotterblumen und Schwertlilien. Dazu wollte ich kurz nur, auf ein Stündchen oder so, einige Exemplare der Gattung Hydrous piceus, also des Großen Kolbenwasserkäfers in seinem natürlichen Lebensraum beobachten. Ich hatte ferner gehofft, etlichen Kammmolchen zu begegnen, ihnen zuzusehen, wenn sie den Schlick zu zierlichen Wolken aufrührten.

Seine breiten Schuppen schillerten grünlich braun, mit einem Stich ins Blaue. Gegensatz gegen Satz: Er dort. Ich ihm gegenüber. Wir beide in einer Art Stillhaltevertrag. Er hätte sich mir mit der Schwanzflosse nähern und meiner Taucherbrille einen kräftigen Flatsch Klatsch Schlag versetzen können. Er hatte es nicht getan. Die vier Barteln an seinem Maul wedelten sanft. Es muss die Strömung sein“, dachte ich mir. 

Ich bewegte meine Fußgelenke sehr behutsam. Einem echten Wildkarpfen begegnet man schließlich nicht alle Tage.

 .../... 48.600 Zeechen (voll an eidel)    


neue Kurzgeschichte

 

Mein post auf meinem Instagram account

 

 Es ist das Bildchen weder ein Aquarell noch ein ÖIgemälde. Eigentlich ist es eine leichtquirlig daherkommende Promenade. Sicher doch. Ich sehe, was vorbei ist. Der Ausblick folgt auf den Einblick. Das Ganze erfahren, gefühlt und gesnaptdurch das Auge des phone, wie im Auge eines Wirbels, der zieht, wohin es ihn treibt. Kurz gesharedan die Geistergemeinschaft der Namen und Silben, als da wären ‘folgt dir jetzt’, ‘abonniert’, ‘interessiert’ und pralle Pobacken. Vorbei schon ist er, der gepostete Pulsschlag. 

.../... 2.034 Zeechen (voll an eidel) 

 

 


in Galerie: 

 

european clouds

 

Literaturpreis der Mitglieder des Europäischen Parlaments  

 

 

Match, Matsch, Mätsch: den Diddelenger Supermarché. Mär ginn an de Mätsch, mer brauche Wuere fir ze grillen, matsch, mitsch, haut ass schéi Wieder, keng Wollek um Himmel. Fir ze laachen, esou schéin! 

„Bréng e puer marinéiert Kotelette mat, eng Fläsch Wäin, keen ze deieren, héiers de?“

Ich höre. Ech fueren. Lauschtere Musek. Parken ënnert de Beem. 

De Matsch, e grot Zillegebai, e banalen Zweckbau mat Knätschtëppele virum Agank a Kaddieën un der Staang. Mat Dauwen um Daach: „guru guck, guruguck“. Mam Auto op zwou Minutte vun doheem. Banal, awer praktesch, dee super Maart. Gutt. Et ass e kloeren Hierschtdag. Esou een, wéi den 11.9. zu Manhattan, mueres um aacht Auer. Virdrun hat d’Sonn geschéngt. Wéi elo, hell, ouni ze wiermen. Ech trëppele laanscht d'Regaler, sichen, fannen, dixe meng Wueren duerch d’elektronesch Kees. Et piiipst, de Wäin, d’Koteletten, piiips, d'Oliven, piips, eng Drëpp, piiips, de Jus, piiips,e Pak Youghurtsdëppercher, 0% Fett, piiips, piiips, d’Keessiäre sinn ofgeschaf, nëmmen eng Oppasserin huet iwwerlieft, waart, dass ech net eens gi mam piiipsen. Ech ginn eens, et piiipst eng leschte Kéier, d’chroméiert Staang gëtt no, ech rulle mam volle Käddi op de Parking.

 

.../...


In dieser Minute vom 6. Mai 1976 zerstörte das Erdbeben 41 Ortschaften in den Provinzen Udine und Pordenone, wie Forgaria, Gemona, Venzone, San Daniele del Friul, Travesio - tötete 939 Menschen, zerstörte die Wohnungen von 32.000 Einwohnern vollständig, beschädigte jene von 157.000 Einwohnern schwer. 

Terremoto 

Orore 

Disastroso terremoto nel Friuli 

Centinaio di morte, miglioia di feriti 

Una scossa tellurica ha percosso ieri alle 21 tutta l'Italia del Nord e del Centroi 

 

 

Corriere Della Sera, Freitag, 7. Mai 1976. Schlagzeilen, Dokumentarisches, Fakten, Zahlen aus dem Friaul, von Mund zu Mund, von Presse zu Presse gereicht. Wie unnütze Palaver kamen sie Co vor. Die Natur ist in der Kälte geboren worden. Kehrt ins Dunkel der Kälte zurück. Co streckte seine Arme aus, wollte die Staubkörner in seinen Handflächen sammeln, als wären es winzige, zerplatzende Augen. 

 

Auszug aus L'arc di Marianna (Arbeitstitel) 

 

Der Roman l'arc di Marianna (Der Bogen der Marianna) erzählt die Geschichte des talentierten, kunstbegeisterten Steinpolierers Cosimo (Co), dessen schwangere Geliebte seit dem Erdbeben im Friaul vom 6. Mai 1976 verschollen ist.

Mit drei Freunden begibt er sich auf eine Odyssee, die ihn von San Daniele del Friuli quer durch Europa führt. Am Ende erwartet Co in Luxemburg der größte Auftrag seines Lebens. Sein von Rührseligkeit und Naivität geprägtes Weltbild wird u.a. wegen des Besuchs einer umstrittenen Aufführung von Modest Mussorgskis Bilder einer Ausstellung revisited in Frage gestellt. Cosimos Weg wird durchzogen von überraschenden und kuriosen, teils wundersamen Begegnungen. 

Der Roman erzählt von Leidenschaft und Liebe, von Emanzipation, von Heimat und Auswanderung, von menschlicher Würde und Ausbeutung, vom Stellenwert der friulanischen Sprache sowie von Erinnerungen an die Zeit des Faschismus während eines Ausflugs in das Geisterdorf Pàlcoda. Es sind Fahrtenan bekannte und namenlose Orte sowie in die politische und gesellschaftliche Situation Europas Ende der siebziger Jahre: ein Rückblick auf Mai 68, die bleierne Zeit in Italien, die zunehmende Bedeutung von Freundschaft und Solidarität angesichts eines ungebremsten Fortschrittglaubens.

 

 Il romanzo L'arc di Mariannaracconta la storia di Cosimo (Co), un talentuoso lucidatore di pietre ed esperto d'arte, la cui amata, incinta, è scomparsa all'epoca del terremoto avvenuto in Friuli il 6 maggio 1976.

Con tre amici, si imbarca in un'odissea che da San Daniele del Friuli lo porta attraverso tutta l’Europa. Alla fine giunge in Lussemburgo, dove Co riceve l'incarico più importante della sua vita. La sua visione del mondo, segnata dal sentimentalismo e dall'ingenuità, è messa in discussione, tra l'altro, dalla partecipazione a una rappresentazione, alquanto controversa, di Quadri di un'esposizionerevisiteddi Modest Mussorgski. Il percorso di Cosimo è segnato da incontri sorprendenti e curiosi, a volte miracolosi. 

 

Il romanzo parla di passione e di amore, di emancipazione, di patria ed emigrazione, di dignità umana e di sfruttamento, dell'importanza della lingua friulana e dei ricordi del tempo del fascismo durante una gita al villaggio fantasma di Pàlcoda. Sono viaggi in luoghi noti e posti sconosciuti, ma anche incursioni nella situazione politica e sociale europea alla fine degli anni settanta: una retrospettiva sul Maggio '68, gli anni di piombo in Italia, l'importanza crescente dell'amicizia e della solidarietà di fronte a un'incrollabile fiducia nel progresso.

Civica Biblioteca Guarneriana, San Daniele del Friuli  

Landschaft nahe San Daniele del Friuli, Sant Denêl, (furlanisch) Kulisse der Ortschaft, 2018